EDM fir déi ganz FamillSeason Opening vum LOA zu Esch-Belval

Bob Konsbruck
Dee gréissten EDM-Festival zu Lëtzebuerg lancéiert dëse Weekend d'Saison 2026.
© LOA RTL

Dëse Freiden a Samschden, bei herrlechem Wieder, ass d'Place de l'Académie um Belval erëm de Mekka fir d'Frënn vum EDM (Electronic Dance Music). Wéi gewinnt ass de Season Opening am Süde vum Land an et hu sech erëm Kënschtler aus der ganzer Welt ugemellt, dorënner de Cyril aus Australien, deen een ënner anerem duerch de Welthit "Stumblin' in" (Reprise vum 1978er Chris Norman a Suzi Quatro Lidd) kennt.

Fir d'Editioun vun dësem Joer huet d'Organisatioun sech erëm e puer Saachen afale gelooss, fir de Festival z'optimiséieren. Am RTL-Interview erkläert de Sebastien Jacquet, datt de Layout komplett geännert ginn ass, et gëtt eng nei Main- an och eng nei Second-Stage. Wie schonn um Belval dobäi war, kann de LOA also dëst Joer nei erliewen.

Weider erkläert de Sebastien, datt de Festival och duerchaus fir Famillen intressant ass, ënner anerem well d'Diere vum LOA déi zwee Deeg scho mëttes um 13:00 opginn an datt Kanner ënner 12 Joer fräien Entrée hunn, natierlech just a Begleedung vun engem Erwuessenen.

Wéi kënnt een am beschten dohinner? Sou wéi déi Jore virdrun och, am beschte mam ëffentlechen Transport. Detailer kritt Dir op mobilitéit.lu respektiv an de FAQs op der offizieller LOA-Säit.

E Coup de Coeur huet de Sebastien och: "... eng ganz nei Special-Effects-Show an ech kann et kaum erwaarden, datt d'Leit dat erliewen."

Lescht Tickete sinn nach op LOA.LU ze kréien.

Back to Top
CIM LOGO