RTL-Gaming-Ëmfro
Wat zocken d'Lëtzebuerger an op wat gëtt gespillt?
VIDEO: Top 10 meescht-verkaafte Spiller weltwäit
Wéi eng Spiller goufe bis haut am meeschte verkaaft? Gitt et hei gewuer!
D'Bestseller am Gaming kenne mer a goufe vun eis fir iech zesummegesicht. Ma wéi ticken déi Lëtzebuerger Gameren? Maacht bei eiser Ëmfro mat!
Wat sinn déi Spiller, déi bis ewell am meeschten duerch d'Kees gaange sinn? Eng Äntwert gëtt et hei an eisem Video! Klengen Tipp: Dat eelste Spill koum 1984 eraus, dat jéngste Spill 2017...
Wat a wouropper zocken d'Lëtzebuerger gären?
Wat sinn de Lëtzebuerger hir Liiblingsspiller? Op wat fir enger Plattform gëtt am léifsten hei am Land gezockt? Vir dat erauszefanne brauche mer är Hëllef!
Alles wat ze maachen ass, ass dës 4 kuerz Froen ënnendrënner ze beäntwerten. Mier wäerten dës Resultater dann aus a probéieren sou eng Top 10 mat de Lëtzebuerger hire léifste Spiller zesummenzestellen.
Am meeschte gelies