Wärend der Fréijoersbotz am RTL-Gebai hu mir eng Partie Konsolen, jo quasi scho Retro-Konsolen entdeckt, déi elo natierlech e Besëtzer sichen.

Et geet ouni op d'Brems ze trëppele weider... Nom Succès vun eisem Wii-Gewënnspill, geet et poulriicht weider mat eiser nächster Retro-Konsol, dem Microsoft-Hit aus dem Joer 2005. Riets geet natierlech vun der Xbox 360.

15 Joer also ass et mëttlerweil elo schonn hier, wou d'Konsol fir d'Chrëschtdagsgeschäft erauskomm ass, dat, praktesch net méi virzestellen, ee Joer virun der Konkurrenz Sony, déi d'PS3 eréischt Enn 2006 erausbruecht hunn.

Am Abrëll 2016 gouf d'Produktioun vun der Microsoft-Konsol agestallt, ma de Geescht vun dëser Konsol lieft definitiv weider, dat an der ëmmer nach grousser Fan-Community, déi dës Konsol zënter Ufank un gefeiert huet. Fir vill Fans ass jo virun allem déi méi grouss Manett een Argument, sech géint Sony a fir Microsoft z'entscheeden.

Gewannt eng komplett nei verpaakte Xbox 360 mat 512MB Spill-Späicher, déi bis haut nach ni opgemaach gouf an onbedéngt elo en neie Besëtzer sicht.

RTL

© David Winter (RTL)

Fir eng komplett nei an nach verpaakten Xbox 360 mat e wéineg Gléck ze gewannen, maacht einfach bei eisem Gewënnspill mat! Beweist äert Wii-Wëssen a kommt am schnellsten duerch eise Quiz!