Esou wier Yu-Gi-Oh! spezifesch op Jongen zougeschnidden, Hamtaro op Meedercher an Digimon a Pokémon op allebéid Geschlechter.

Dëst behaapt op d'mannst d'Mizuko Ito. D'Madamm, déi als Anthropologin an de Beräicher Technik an Technik-Soziologie schafft, ass der Meenung, datt an der Cineastic scho frei déi éischt Schrëtter fir eng männlech an eng weiblech Erzéiung geluecht géife ginn. Esou wier Yu-Gi-Oh! spezifesch op Jongen zougeschnidden, Hamtaro op Meedercher an Digimon a Pokémon op allebéid Geschlechter. Dëst géif een och unhand vun de Verkafszuele mierken. D'Serien an déi jeeweileg Spiller a Fan-Artikelen, déi fir ee männleche Publik op de Marché kommen, géifen sech deementspriechend besser verkafen, wéi déi Produiten zu de weiblech konnotéierte Serien.
Mä ass dem wierklech esou? Fanne mer et zesummen eraus!

Komme mer als éischt op den Hamtaro ze schwätzen. Hien ass en klenge léiwen Hamster, deen engem Meedche gehéiert, wat eréischt säit kuerzem an der Noperschaft wunnt. Well et him awer am Käfeg ze langweileg gëtt, entscheet hien sech wärend dem Dag ze flüchten an seng Ëmgéigend ze erkënnegen. Dobäi trëfft hien eng helle Wull aner Hamsteren, gëtt an en Club opgeholl an avancéiert lues awer sécher zum Leedwollef vun dësem Club. Owes klemmt hien dann zréck a säi Käfeg an hie kritt nach den Dagesoflaf vu senger Besëtzerin erzielt. All Dag entsprécht enger Episod vun der Serie, soudatt en Gros 296 Episoden zustane komm sinn. Tëscht 2000 an 2006 ass d'Serie ëmmer méi populär ginn, soudatt och masseg un Fan-Artikele verëffentlecht gouf an et och zu Videospill-Adaptatioune vun der Franchise komm ass.

Fir d'Fro kennen ze beäntwerten, déi mer ons ugangs gestallt hunn, kucke mer ons als éischt d'Videospill-Adaptatioune vum Hamtaro un. Wann een d'Handy-Spiller ausser Uecht léisst, da sinn am ganzen aacht Spiller vum Hamtaro a senge Frënn op der Marché komm.

Dës Spiller wieren:

Hamtaro: Tomodachi Daisakusen Dechu
Hamtaro: Ham-Hams Unite!
Hamtaro: Ham-Ham Heartbreak
Hamtaro: Wake Up Snoozer!
Hamtaro: Rainbow Rescue
Hamtaro: Ham-Ham Games
Hamtaro: Nazo Nazo Q Kumonoue no ? Jou
Hi Hamtaro! Ham-Ham Training

Vun deenen aacht Spiller sinn der siwe Stéck exklusiv fir eng Nintendo-Konsol op de Marché komm, an eent exklusiv fir de PC. Sechs Spiller goufe weltwäit verëffentlecht an zwee exklusiv a Japan.
Beim Groussdeel vun de Spiller geet et drëms nei Frëndschaften ze schléissen, Bezéiunge vun den Hamsteren ze retten oder aneren Hamstere bei hire Problemer ze hëllefen. Doriwwer eraus gëtt et mat Hamtaro: Ham-Ham Games eng Hommage un d'olympesch Spiller, wou et awer gréisstendeels drëm geet erauszefannen, datt ee mat senge Frënn am Liewen alles erreeche kann. Laut der Madamm Ito géifen des Spillprinzipper éischter Meedercher wéi Jongen uschwätzen. D'Verkafszuele widderspriechen der Madamm allerdéngs frappéierend. Hamtaro: Ham-Hams Unite! ass beispillsweis dat siwent bescht verkaafte GameBoy Color Spill a Japan, Hamtaro: Tomodachi Daisakusen Dechu dat néngt bescht. Och déi aner Spiller hunn sech richteg gutt verkaaft a konnte souwuel bei Jonken, wéi och bei Alen iwwerzeegen. Wann een elo de Fakt beuecht, dat nach am Joer 2009 75% vun de Vente vu Konsolen a Japan vu Männer getätegt goufen, kënnt een zum Schluss, datt Theorie vun der Madamm Ito net stëmme kann. Zwangsleefeg musse genee esou vill Männer Hamataro-Spiller kaaft hunn, wéi Fraen.

Et ass deemno net méiglech ze behaapten, dat Serien oder Videospiller, déi reng vun der Iddi hier, fir ee spezifesche Publik destinéiert sinn, sech och haaptsächlech bei dësem Publik duerchsetze wäerten. Virun allem bei de Kanner gëllt et hautdesdaags mat dësem Schwaarz/Wäiss Denken ze briechen. Net nëmmen datt Kanner meeschtens déi ongeschéinte Wourecht ausschwätzen, nee, si spillen och dat, wat si wëllen an ignoréieren déi vun der Welt operluechten Tirang-Denkweis…