Ënnert anerem d'Spillgeschäft "Domino" an der Stad huet wärend der Pandemie gemierkt, dass d'Demande u Gesellschaftsspiller geklommen ass.

D'Geschicht vun de Gesellschaftsspiller geet bis an d'Zäitalter vum Tutanchamun zréck, jo och do gouf schonn zesummen an der Famill oder an der Gesellschaft gespillt. Mee wéi gesäit et elo hei zu Lëtzebuerg an der Pandemie aus? Gëtt elo méi gespillt ewéi soss? Oder huet sech do näischt geännert? A wa jo, wat ass den Ament am Trend a puncto Gesellschaftsspiller?

Ob Kand oder Erwuessenen, wie gäre spillt, gräift och emol niewent den aktuelle Computerspiller op e Gesellschaftsspill zréck, an do sinn der Imaginatioun keng Grenze gesat.

Wie behaapt, de Choix wär am Spillbuttek an der Stad kleng, läit falsch, den 1. Androck: "Wow". Do gëtt et jo wuel méi, wéi ee geduecht hätt, d'Auswiel ass enorm, et muss een awer wëssen, wat engem läit. D'Christiane Schmit aus dem Domino huet awer elo zanter engem Joer gemierkt, dass den Interêt un de Spiller an d'Luucht gaangen ass.

De Social Gaming Lëtzebuerg ass e Club, dee sech haaptsächlech mat Gesellschaftsspiller beschäftegt. Den Ament sinn hir reegelméisseg Treffen ofgesot an awer dierfe si sech limitéiert gesinn. De Jérôme Decker huet bis ewell op déi Spill-Owender verzicht, ma d'Nofro ass dofir fir hie schwéier ze beurteelen. Als Club kréie si et elo an der Pandemie net esou mat, ob Leit méi oder manner spillen. Hir reegelméisseg Treffe goufe wéi gesot bis ewell ofgesot.

Den Ament gi ganz vill Strategie-Spiller gespillt, esou de Jérôme, ma am Spillbuttek ass awer eppes aneschters am Trend, u sech Spiller wou et kee wierkleche Verléierer gëtt, also Spiller fir schlecht Verléierer. Dat sinn den Ament déi sougenannten Escape-Spiller, well een net méi reell an en Escape Room goen dierf.

Bei der Famill "De Canchy" sinn et net nëmmen typesch Kannerspiller, déi an den Asaz kommen, och Famillje-Spiller sinn den Ament ugesot. D'Leslie, Mamm vun 3 Kanner, mierkt däitlech en Ënnerscheed, elo ass alles aneschters ewéi virum Virus, et gëtt méi dacks zesumme gespillt, esou sinn d'Tëlee oder d'Computerspiller net méi prioritär bei de Kanner.

D'Famillje si sech duerch d'Pandemie nees méi no komm, en éischter positiven Aspekt.

Ob am Club, am Frëndeskrees oder an der Famill, d'Gesellschaftsspiller erméiglechen et engem, fir méi Zäit mateneen ze verbréngen, esou gesäit de Nicolas de Canchy et och. Villes huet sech am Alldag fir hien a seng Kanner geännert. Si verbréngen elo vill méi Zäit zesummen an der Famill.

Obwuel de Virus am Groussen a Ganze vill negativ Aspekter mat sech bruecht huet , soll een am Endeffekt , awer dach ëmmer dat positiivt dorausser zéien, an dat ass, dass sech verschidde Famillje villäicht mat de Gesellschaftsspiller nees méi no komm sinn.