No engem laange Retard wéinst der Coronapandemie huet en Donneschdeg a Japan de weltwäit éischte Fräizäitpark ronderëm d'Kultspill "Super Mario" opgemaach.

Den Themepark "Super Nintendo World" gehéiert zum schonn existéierende Park vu Universal Studios am westjapanesche Osaka. Mat der neier Attraktioun wier "d'Welt vum Spill perfekt nogebaut ginn", erkläert de Porte-parole vu Universal Studios Japan, de Ayumu Yamamoto.

D'Gebaier am Park sinn an der entspriechender Optik vum alen Nintendo-Videospill, dat heescht a Form vu Këschten opgebaut. Donieft leeft iwwerall déi bekannte Musek an d'Visiteure kënne mat engem Bracelet, deen un de Smartphone gekoppelt ass, virtuell Sue sammelen, andeems si Bléck zerschloen. An der Attraktioun "Mario Kart" kënnen d'Visiteure Coursse fueren, genee wéi am Nintendo-Spill.

De Bau vum Park huet iwwer 60 Millioune Yen, ëmgerechent 461 Milliounen Euro. Eigentlech sollt en d'lescht Joer opmaachen an am Virfeld vun den Olympesche Summerspiller scho Leit ulackelen. Béides gouf wéinst der Pandemie verréckelt.

Dat éischt "Super Mario Bros"-Spill ass 1985 erauskomm. Antëscht gëtt de Super Mario awer a sëllege Formater vermaart, dorënner och Futtball- a Golfspiller.

Et soll awer nach e weideren Nintendo-Park entstoen. Nieft deem a Japan, sinn der nach an den US-Universal-Studio-Parken zu Orlando an Hollywood geplangt.