D'Äerd, déi net sou wäit an der Zukunft läit, gouf vun enger nuklearer Katastroph komplett zerstéiert, nëmmen e puer Mënschen hunn iwwerlieft...

An dës Leit liewen zënter hier an engem grousse Bunker-Komplex. No ronn 150 Joer kommen dës Mënschen dann fir déi éischte Kéier nees un d'Uewerfläch a gi sech drun, de Planéit nees ze besidelen. An hei muss de Spiller iwwerhuelen an d'Welt an dësem Survival-Spill nees opbauen.

Endzone - A World Apart - Rep. David Winter

Bei "Endzone - A World Apart" geet et ëm d'Iwwerliewen. D'Äerd ass eng geféierlech Plaz. Ma wat et genee an dësem Spill ze maache gëtt, erkläert de Matthias Guntrum, ee vun de Grënner vum Studio "gentlymad studios": "In Endzone baut man seine eigene Siedlung auf und schützt sie und ihre Bevölkerung vor Gefahren. Also, die Spieler müssen vorausschauend planen, folgenschwere Entscheidungen treffen und sich immer wieder neuen Herausforderungen stellen. Da gibt's immer wieder was zu tun: Also Ressourcen sammeln, die Nahrungs- und Energieversorgung managen, alte Ruinen erkunden oder auch sogar gegen fiese Plünderer bestehen."

Ufänger fannen iwwert den Tutorial ganz entspaant an d'Spill eran, Leit déi méi Erfarung a sou Spiller hunn, kënnen direkt mat Erausfuerderungen ufänken. Wat d'Spill natierlech richteg ofwiesslungsräich mécht, ass d'Ëmwelt an d'Klima, déi sech andauernd veränneren: "Also, die Auswirkungen sind wirklich drastisch: Seen vertrocknen, Bäume und Felder verdorren,
toxische Regenwolken verstrahlen die Umwelt und vielleicht macht auch mal ein Sandsturm einfach alles kaputt. Und mit dieser Dynamik klarzukommen, das ist die große Herausforderung, die wir dem Spieler stellen, weil nichts wirklich sicher ist. Alles ist im Wandel, alles kann sich jederzeit verändern."

Ronn ee Joer laang war d'Spill an der "Early Access-Phas", et konnt also scho gespillt ginn, wärend deem d'Entwéckler nach dru geschafft hunn. Eleng hei goufe schonn 170.000 Spiller verkaaft, elo ass dann den offizielle Release.

Endzone - A World Apart ass fir de PC erauskomm a bei Steam a GOG ze kréien.

Maacht mat a gewannt mat e wéineg Chance d'Spill fir sech selwer z'iwwerzeegen!