Datt Pokémon-Kaarten an der Lescht esou beléift sinn, wéi nach ni virdrun, dierft mëttlerweil jidderee matkrut hunn... Hei nees e gutt Beispill.

Streamer mat hire sougenannte "Packopenings" hunn e groussen Undeel um neien alen Trend vun de Pokémon-Kaarten.

Op dësen Trend ass McDonalds viru kuerzem opgesprongen. Vum 11. Mäerz bis zum 7. Abrëll 2021 kréie Kanner oder och déi erwuesse Kanner ee Pack mat véier Pokémon-Karten zu all Happy Meal bäigeluecht. Des Ukënnegung huet en risegen Hype op der Welt ausgeléist, soudatt Fans esouguer virun de McDonalds-Filiale campéiert hunn fir un déi wäertvoll Kaarten ze kommen. Och bei eisen däitschen Nopere war den Hype em d'Kaarte grouss, soudatt mëttlerweil en puer Filialen an den däitsche Groussstied keng Kaarte méi op Lager hunn.

RTL

Eng kuriéis Zeen huet sech allerdéngs an der McDonalds-Filial am saarlännesche Merzig ofgespillt. Een erwuessenen Här huet sech do ganzer 600 Happy Meale kaaft. Dëst entsprécht enger Valeur vun 2.544 Euro. Ëmmerhi misst hien et esou fäerdeg bruecht hunn, sech déi am ganze 50 verschidde Kaarten ze sécheren. Et bléift allerdéngs nëmmen ze hoffen, datt de Mann déi 600 Happy Mealen net op ee Coup giess huet... Wéinstens gouf beim Gedrénks en gesonde Choix getraff, soudatt hien, falls hien de Vidange zréckdréit ganzer 300 Euro zréckkritt.

Sidd Dir och dem Pokémon-Kaarten-Hype verfall? War Dir dowéinst bei McDonalds oder plangt Dir nach dohin ze goen? Loosst eis et mat engem Kommentar wëssen.