Wärend der Fréijoersbotz am RTL-Gebai hu mir eng Partie Konsolen, jo deelweis scho Retro-Konsolen entdeckt, déi elo natierlech e Besëtzer sichen.

Ob d'Playstation 4 elo eng Retro-Konsol ass, doriwwer léisst sech streiden, obwuel d'Äntwert wuel éischter "nee" ass, vu dass mam Enkpass vu Playstation 5-Konsolen d'Playstation 4 jo nach an sech déi Konsol ass, op deenen déi meeschte Sony-Fans spillen. Dovunner ofgesinn ass d'Playstation 4 eréischt gutt 7 Joer al, nach net wierklech en Alter, fir also vun enger Retro-Konsol ze schwätzen.

Erauskomm ass d'Konsol nämlech de 29. November 2013 an Europa, dat 2 Wochen nodeems d'Konsol an den USA rauskomm ass. D'PS4 ass domadder déi 6. Konsol vun der Mark Playstation. Bis haut goufe méi wéi 100 Millioune Konsole vun der PS4 verkaaft. Iwwregens ware 59% vun de Leit, déi d'Konsol kaf hunn, virdru Proprietär vun enger Xbox 360.

Wien also nach net Besëtzer vun enger Playstation 4 ass a souwisou keng Loscht huet nach méintelaang op eng PS5 ze waarden, dee soll am Beschten einfach bei eisem Gewënnspill matmaachen! Dobäi leeë mir dann nach d'Spill "Tour de France Season 2019". (D'PS4 ass quasi nei a gouf nëmmen 1x fir en RTL-Gewënnspill benotzt)