Den 18. Juni ass et nees esouwäit. Mario Kart Central veranstalt eng weider Editioun vum Mario Kart 8 Deluxe World Cup.

Team Lëtzebuerg, de lëtzebuergesche Vertrieder an dëser Kompetitioun, sicht den Ament nach Memberen, déi gewëllt wieren, matzespillen. Wéi Dir matmaache kënnt a wat Dir erfëlle musst, kënnt Dir am Statement vun Team Lëtzebuerg noliesen.

„Mir si frou Iech kënnen no enger längerer Paus nees ee mi grousst Turnéier/Evenement z'annoncéiere, wat mir als Orga vun Team Lëtzebuerg organiséiere wäerten: Road to World Cup 2021 - Lëtzebuergesch Qualifikatioun!!! Nodeems am Joer 2020 eng Paus war, gëtt am Juni 2021 déi 4. Kéier ee World Cup a Mario Kart 8 Deluxe gespillt.

Déi lëtzebuergesch Mario Kart 8 Deluxe-Zeen ass an de leschte Méint gewuess an domadder gëtt et Zäit, fir mol nees een national Event ze launchen, wou jiddwereen emol op sech selwer gestallt ass, dat an der Lëtzebuergescher Qualifikatioun. Déi beschte Leit aus de Qualifiers spillen herno och fir Lëtzebuerg op der Weltmeeschterschaft 2021 mat!

Dir wëllt bei de Qualifikatiounen dobäi sinn? Da mellt Iech am Discord-Channel un!

Insgesamt ginn 3 Qualifiers organiséiert. Hei d'Datumer, souwéi d'Auerzäiten:

- 16. Abrëll 2021, Freides Owes vun 20 Auer bis 22 Auer: Qualifier 1#

- 8. Mee 2021, Samschdes Owes vun 20 Auer bis 22 Auer: Qualifier 2#

- 23. Mee 2021, Sonndes Nomëttes vu 16 Auer bis 18 Auer: Qualifier 3#

Weider Informatiounen an d'Reegelwierk fann dir am Detail hei!

Mir wënschen Iech Vill Spaass beim Event an hoffe mir gesinn eis op eisem Youtube-Channel a kënnen zesumme vill Chaos-Momenter bei Mario Kart 8 Deluxe erliewen!“

Wie sech elo direkt umelle well a schonns Discord gedownloat huet, kënnt hei direkt op den Channel!