Hei dréit et sech ëm de klassesche Gameplay vu Pac-Man, kombinéiert mam Trend-Modus "Battle Royale".

Niewent dem Battle-Royal Feeling, kritt een och wärend dem Spill verschidde Fäegkeeten, déi engem hëllefen, awer och e Nodeel hunn, sou dass ee seng Strategie clever wiele muss, fir géint seng Géigner ze wannen.

Gespillt gëtt, wéi de Numm et seet, géint 99 aner Spiller, änlech wéi et dat fir Tetris och scho gëtt.

Dobäi kënnt dann och nach eng speziell DLC, déi allerdéngs net gratis ass, ma fir d'Spill net noutwenneg ass.