E private Kinossall, fir mat Kolleege Videospiller op dem groussen Ecran ze spillen? Fir Gamer ass dat natierlech en absolutten Dram.

An dee mécht de Kinepolis Kierchbierg elo méiglech. "Kinepolis Play" bitt d'Geleeënheet, zu maximum 10 Persounen e Sall ze lounen. Deen Dag, fir deen ee reservéiert huet, muss een da just nach seng Spillkonsol (PS 4 & 5, Nintendo Switch an X-box) matbréngen, an da kann ee wärend 3 Stonne vun dëser eemoleger Méiglechkeet profitéieren.

De Sall kann een online reservéieren. Méi Informatioune fënnt een hei.