No dem erfollegräichen Videospill-Franchise Stardew Valley, traut sech elo déi nächst ikonesch Videospillfigur op déi grouss Bün vun de Kaartespiller.

Riets geet dobäi vum allsäits beléifte bloen Igel, dem Sonic the Hedgehog. Vu September 2021 un wäert d'Spill ënnert dem Numm "Sonic The Card Game" an den Handel kommen. Bis ewell ass awer nach net vill iwwert d'Spill bekannt gemaach ginn. Gewosst ass, datt d'Spill 17,95€ kaschte soll, an datt ee mindestens zu zwee a maximal zu sechs spille kann. Doriwwer eraus, soll een am Kaartespill als Sonic, Tails, Amy, Knuckles, Shadow oder Blaze spille kënnen. Domat gouf also confirméiert, datt all Haaptpersonnage am Spill vertruede wäert sinn, well och den Dr. Eggman schéngt fest am Spill ageplangt. Ausserdeem soll eng Ronn tëscht 20 an 30 Minutten daueren an d'Spill ass gëeegent fir all Alterskategorie ab 6 Joer.

Sega selwer bezeechent d'Spill als en kompetitiivt Kaarten-Rennspill an huet elo an engem offizielle Statement de Cover vum Spill virgestallt an nach folgend Detailer zum Spillprinzip publik gemaach:

"Sonic’s the name, and speed is the game—sprichwörtlich! Begleite den blauen Klecks im kompetitiven Karten-Rennspiel, wo du Power-ups und Ringe sammeln musst, um siegreich hervorzugehen. Es ist ein flotter Familien-Spaß, welches ihr immer und immer wieder im Flitztempo spielen werdet.

Jedes Mal, wenn eine neue Karte platziert wurde, müssen Spieler entscheiden, ob sie weiterlaufen wollen, um zu versuchen, sich eine noch größere Menge an Ringen zu schnappen, oder ob sie sich zurückziehen wollen und den eigenen Anteil an Ringen und Bonus-Karten einsammeln wollen. Wenn Spieler sich dafür entscheiden, weiterzulaufen, riskieren sie, in Gegner zu laufen und Leben zu verlieren, jedoch erhöht sich die Chance, mehr Ringe zu gewinnen – zudem können Bonus-Karten dazu verlocken, weiterzulaufen."

RTL

Wei stitt Dir zu deenen Adaptatiounen? Kuckt Dir hinne positiv entgéint oder bleift Dir léiwer bei den Oldschool-Kaartespiller? Loosst eis et, wéi ëmmer, an engem Commentaire wëssen!