E komplett neie Computer kafen, wann dësen ze lues ass, ass net ëmmer néideg. Eng Späichléisung kéint hei schonn hëllefen.

25/04/2021 SSD-Späicher fir de PC ze pimpen / Rep. David Win

Wee vill um Computer oder speziell um Laptop schafft, kennt dat warscheinlech: Et wëll ee schnell säi Computer starten, e puer Daten opmaachen a Biller beaarbechten an da geschitt et…. Da muss een als éischt emol Waarden an d’Frustratioune ginn un. Grond ass d’Technik, déi dacks net sou op der Héicht ass, wéi een sech dat erwaart. E komplett neie Computer kafen ass do net ëmmer néideg, eng Späichléisung kéint hei schonn hëllefen. Den David Winter mat méi Informatiounen.

Éierlech gesot ass Homeoffice an Home Schooling scho stresseg genuch, do huet een heefeg dann net méi och nach d’Gedold fir sech mat enger lueser Maschinn ronderëmzeploen. Fir do eng Verbesserung z’erreechen, ënnert anerem och am Gaming natierlech, muss een net onbedéngt vill Geld fir en neie Computer ausginn, d’Austausche vun der HDD-Festplack mat enger schneller SSD kann hei scho Wonner wierken. Niewent der Vitess hunn dës SDD-Festplacken och nach eng Partie wieder Virdeeler, esou d’Susanne Hoffmann vu Samsung: „Die SSD ist sozusagen die moderne Variante der Festplatte. Sie ist viel robuster und langlebiger, weil sie keine beweglichen Teile hat. Deshalb sind sie auch leiser, das ist gut für die Konzentration. Und der größte Gewinn ist natürlich die Zeit, da der Computer schneller hochfährt, speichert, öffnet, kopiert.“

Iwwert d’Joren sammele sech vill Dateien op PC’en a Smartphonen. Dës Volummen maachen d’Apparater lues a kënne souguer deelweis verluer goen. Extern SSD-Späicher leeschten hei ganz gutt Servicer.

 „Jeder hat ja wichtige Daten: Ob das jetzt die Steuererklärung ist, die Kinderbilder oder die Urlaubs-Erinnerungen. Und gegen einen Totalverlust schützt eben einfach nur Sicherung. Das kann man entweder in der Cloud oder mit einer externen SSD machen. Und damit macht man dann den Frühjahrsputz im digitalen Wohnzimmer genauso wie im echten Leben, indem man sortiert, entrümpelt und sichert.“

Iwwregens ginn et dës schnell SSD-Späicher elo schonn eng Zäit, Am Abrëll hunn d’SSDe vu Samsung hiren 10. Gebuertsdag gefeiert.

A genee sou en SSD-Späicher vun 1 Terabyte Volume kënnt der mat e wéineg gléck bei eis gewannen. Mir verspillen nämlech eng sou eng Festplack. Einfach matmaachen e vläicht gewannen.