Allerdéngs gëllt et ze beuechten datt een, fir online ze spillen, een Abonnement, dee mat Käschte verbonnen ass, ofschléisse muss.

De 27. Abrëll 2021 huet Nintendo den Update 1.1.0 fir d'Spill Super Mario Party verëffentlecht, mat deem et elo endlech méiglech wäert sinn, zesumme mat senge Kolleegen online Mario Party ze spillen.

Domat huet Nintendo op den Haaptkritikpunkt vun de Fans géigeniwwer dem Spill reagéiert. Dobäi ass d'Spill allerdéngs schonn zënter gutt 3 Joer am Handel ze kréien. Ville Gamer dierft dëse Fait wuel egal sinn, wou et sech bei dëser Neierung dach ëm en Novum an der Geschicht vum Mario Party-Franchise handelt.

An engem offizielle Schreiwes huet Nintendo bestätegt, datt een nom gratis Download vum Update follgend 3 Modi online mat Friemen oder Kolleege spille kann:

- Mario Party-Modus

- Partner Party-Modus

- Mini-Spiller-Modus

Allerdéngs gëllt et ze beuechten datt een, fir online ze spillen, een Abonnement, dat mat Käschte verbonnen ass, ofschléisse muss.

Doriwwer eraus soll een am Online-Modus op déi ganz Panoplie vu Charakteren zougräife kënnen, och wann een se am Offline-Spill nach net fräigeschalt huet. Zousätzlech sti 70 vun 80 Mini-Spiller fir d'Online-Spill zur Verfügung.

Hei den däitschen Trailer vum Update!