Méi séier wéi d'Konsol, wäerten d'PS5-Sneakers vun Nike wuel fort sinn
Wann een e Bléck an d'Vergaangenheet geheit, da weess een, dass Sneakers vu Playstation séier ausverkaaft waren. Elo kënnt en neie PS5-Modell.
Fir Leit, déi nach ëmmer op hir PS5 waarden oder et scho längst opginn hunn, sinn déi nei Sneakers wuel kee richtegen Trouscht, well och hei heescht et nees sech an eng Rei ze stellen, mat der Gefor, zum Schluss mat eidelen Hänn do ze stoen.
Wéi "Sneaker Files" mellt, soll bei den 2 Modeller déi et scho fir d'PS5 ginn, elo en 3. Modell dobäikommen. D'Nike PG 5 "Playstation 5"-Sneakere vun Nike gouf an Zesummenaarbecht mam Basketball-Star Paul George designt a produzéiert. Fotoe goufen et um Instagram-Account vun Laceuphk, en News-Site wou et ausschliisslech ëm Sneakers geet.
Am Mee sollen d'Schong fir 110 Dollar erauskommen, de geneeën Datum ass awer nach onkloer. Et wäert awer elo scho kloer sinn, dass dëst wuel nees d'Diere wäert opmaachen fir Scalpers, also Persounen, déi mat Hëllef vu Bots online d'Schong opkafen, déi ebe limitéiert sinn, fir se dono fir dat villfacht vum Präis ze verkafen.