Virtual Ranger huet e Méindeg am Kader vun Nationalfeierdag dës App lancéiert, eng App, déi zu 100% lëtzebuergesch ass.

Souwuel d'Ëmwelt an den Entourage vum Spill erënnert staark u Lëtzebuerg, ma och de Roudy steet natierlech symbolesch fir de roude Léif, deen d'Land representéiert.

"Lux Runner" ass e sougenanntent "Infinite Runner Game" an deem et drëms geet sech duerch de Level ze kämpfen, Mënz an Diamanten ze sammelen an dobäi wa méiglech net getraff ze ginn. Dobäi komme nach eng Partie Aufgaben, déi een no an no meeschtere muss. An engem Level ass et da souguer méiglech, mam Roudy an de Palais Grand-ducal ze goen.

Schonn zënter 2017 gëtt et d'Iddi fir d'Spill schonn, ma et huet eng Zäitche gedauert, bis d'Investisseuren un der Angel waren, well a Punkto Gaming Lëtzebuerg an deene Saachen dann dach nach e Krack hannendrun hänkt.

Hei geet et direkt an den App Store, wou der d'Spill dann och downloade kënnt. D'Spill ass awer och fir Android erauskomm. Am Ganze ginn et dann och 4 Sproochen, déi een am Spill wiele kann, also Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.