Iwwert e Playstation-Blog huet Sony matgedeelt, dass de Betrib opkaaft gouf. Iwwert e Präis ass awer näischt gewosst.

Mat Housemarque huet Sony ënnert anerem dee Studio kaf, dee fir "Returnal" verantwortlech ass, e Spill dat jo exklusiv fir d'Playstation den 30. Abrëll erauskomm ass. Zënter Jore scho schafft de klenge Studio mam Gigant Sony zesummen.

Niewent Housemarque huet Sony dann och Bluepoint elo rezent kaf. Witzegerweis huet d'Ëffentlechkeet dovunner Wand kritt, wéi e falscht Bild eropgeluede gouf, fir de Kaf vun Housemarque z'annoncéieren. A Japan huet een op de soziale Medie op eemol gesinn, dass Bluepoint an d'Sony-Famill geholl gouf. Ganz offiziell ass den Deal also nach net, ma et schéngt awer méi wéi sécher ze sinn.

Et dierft also spannend sinn ze gesinn, wat Sony mat béide Studioen an den nächste Jore wäert produzéieren.