Wéi et heescht géif un enger Online-Plattform geschafft ginn, déi iwwert d'Zäit sech verännert, änlech wéi Fortnite oder GTA Online.

Eng Source bei Bloomberg betount, dass "Infinitiy" designed gëtt, fir iwwer Joren oprecht erhalen ze ginn. Weider géif och un e puer historesche "Settings" geschafft ginn, also anescht wéi soss, wou et jo eng fix historesch Zäitepoch gouf, an där een sech als Spiller opgehalen huet. Dës verschidden Ären, déi een hei kann duerchliewen, sollen awer och matenee verbonne sinn. D'Quell vu Bloomberg ënnersträicht weider, dass de Projet nach Jore vun engem Release ewech ass.

Ubisoft huet de Projet Bloomberg géigeniwwer confirméiert, a betount dass een d'Erwaardunge vun de Fans wéilt iwwertreffen, déi eng méi zesummenhänkend Approche. Weider Detailer goufen net offiziell confirméiert.

Dëst Spill géif definitiv e Broch mat der Serie duerstellen, eng Serie, déi zënter 2007 bal all Joer en neit Spill erausbruecht huet. Den neie Projet soll eng gewalteg Envergure hunn, Ubisoft Montreal an Ubisoft Quebec wäerte fir de Projet zu engem eenzege groussen Team zesummegesat ginn, fir um Spill ze schaffen.