Eng versigelt Videospillkassett vum Nintendo-Klassiker "Legend of Zelda" ass fir eng Rekordzomm vun 870.000 US-Dollar (732.000 Euro) versteet ginn.

D'Videospill wär d'"Häerzstéck" vun enger Versteigerung vun am Ganze 443 Objete gewiescht, sou de Spriecher vum Auktiounshaus Heritage Auctions, Eric Bradley, e Freideg (Lokalzäit) der Noriichtenagence AFP géintiwwer. Iwwert de Verkeefer vun der Videospillkassett goufen et keng Informatiounen.

Déi versteete Videospillkassett ass nach an hirer Originalverpackung vun 1987. Mat der Zomm vun 870.000 Dollar huet d'"Zelda"-Videokassett eng Kassett vum Videospill "Super Mario" aus dem Joer 1986 iwwertraff. Dës hat bei enger Stee am Abrëll fir 660.000 Dollar de Besëtzer gewiesselt.