
© Pizzatainmet / Nintendo
Vum 6. Februar u kënne Fans vum beléifte Blechschléier sech zwou Pizzaen am Mario-Design kafen. Dobäi kommen d'Pizzae just am däitschsproochege Raum eraus.
Datt Nintendo an der Lescht méi oppe mat senge Lizenzen ëmgeet,ass wuel bekannt. Esou si kierzlech réischt Auere vu CASIO oder TAG Heuer am Super-Mario-, respektiv am Mario-Kart-Design op de Marché komm. Doriwwer eraus kënnt am Abrëll e Super-Mario-Film an d'Kinoen, dee vun Illumination Entertainment produzéiert gëtt.
Mä och soss waren de Mario a seng Frënn a rezenter Zäit op enge sëllege Produite souwéi an enge sëllege Kooperatiounen ze gesinn. Kamelle vun engem grousse Gummibieren-Hiersteller aus Bonn oder Schockela, deen ee soss just mat enger mofer Kou a Verbindung bréngt, sinn nëmmen zwee Beispiller vun dëse Kooperatiounen.
Ufanks Februar kënnt et dann elo zu enger weiderer Kooperatioun. Den Tifküle-Pizza-Hiersteller "Pizzatainment", dee virun allem duerch dem Capital Bra seng Gangstarella-Pizza bekannt ginn ass, bréngt zwou Pizzaen op de Marché, déi sech ronderëm de Super Mario a säi Kinnekräich dréinen. Déi éischt Pizza widmet sech dem Mario a sengem Brudder dem Luigi. D'Pizza, déi an enger stylescher rouder Këscht dohierkënnt, heescht "Triple-Salami-Explosioun". Beluecht ass dës Pizza, nieft der Tomatenzooss an dem Mozzarella-Kéis, da mat engem Mix aus normaler Salami, Chorizo-Salami a Calabrese-Style-Salami. Bei der zweeter Pizza stinn dogéint déi zwee Antagoniste Wario a Waluigi am Vierdergrond. D'Pizza am mof-giele Kartong heescht "Quattro Formaggi Deluxe". Nieft de klasseschen Ingredienten ass d'Pizza doriwwer eraus mat Mozzarella, roudem Cheddar, Emmentaler a Gorgonzola beluecht. Als klengen Zousaz sinn dann och nach "Sweet Sprinkles" op der Pizza verstreet.
Dës zwou Pizzae kommen an enger éischter Phas just am däitschsproochege Raum op de Marché an och just an ausgewielte Supermarchéen, déi een op der Websäit vu Pizzatainment fanne kann. Am Mäerz soll iwwerdeems eng weider Kooperatioun tëscht Pizzatainment an enger weiderer Franchise lancéiert ginn. Esou soll et Pläng ginn, fir eng FC-Bayern-München-Pizza an d'Killrayonen ze bréngen.