Wat 2020 als Iddi ugefaangen huet, fir den DJ'en am Land ze hëllefen, déi wärend der Pandemie net méi opleeë konnten, ass e grousse Streaming-Projet ginn.

Dëse Projet lauschtert op den Numm "streamers.lu" a gouf den 1. Oktober 2022 vu Leit an d'Liewe geruff, déi sech gefrot hunn, wat ee fir déi lëtzebuergesch Streamer maache kann, fir datt dës méi Opmierksamkeet generéiere kënnen. Ënnert dëse Leit hu sech d'Organisateure vun der Plattform "Djs.lu" rëmfonnt, déi am Joer 2020 schonn e Projet lancéiert haten, fir de Lëtzebuerger DJ'en eng Plattform ze ginn, fir och wärend der Pandemie kënnen opzeleeën an esou e puer Suen iwwert d'Streamingplattform Twitch verdéngen ze kënnen.

Op der Websäit vun "streamers.lu" fënnt een eng helle Wull u Lëtzebuerger Content Creator, déi a reegelméissegen Ofstänn op Twitch streamen. Dobäi ass d'Zil vu "streamers.lu" d'Lëtzebuerger Content Creator op enger Plaz ze regruppéieren, soudatt d'Spectateuren op ee Bléck all déi national Streamer fanne kënnen an esou lokal Content Creator ganz einfach an ouni gréisser Recherchen ënnerstëtze kënnen.

D'Viraussetzung fir datt een als Streamer um Site ugewise gëtt ass, datt een zur lëtzebuergescher Kulturlandschaft gehéiere muss. Dëst mécht een, wann een op mannst ee vun dësen dräi Krittären erfëllt: Esou muss een entweder op Lëtzebuergesch streamen, den aktuelle Wunnsëtz zu Lëtzebuerg oder déi lëtzebuergesch Nationalitéit hunn.

"Streamers.lu" bidden net nëmmen Infoen un, wéini a wat d'Streamer beispillsweis streamen, mä si probéieren och a reegelméissegen Ofstänn selwer Events op d'Been ze stellen, wou een da probéiere géif, déi verschidde Streamer uechtert d'Land op enger Plaz ze versammelen. Esou hu si vum 15. bis de 16. Abrëll an Zesummenaarbecht mat der LGX d'"LGX Arena Charity LAN" organiséiert an esou 2.245 Euro fir de gudden Zweck gesammelt. Weider hate si och e Stand de 15. Abrëll um Gaming Day zu Schëffleng, wou si op der Plaz gestreamt hunn, soudatt d'Leit sech via Twitch déi verschidden Turnéieren ukucke konnten.

D'Leit vu "streamers.lu" géife sech iwwerdeems freeën, wann nach weider Streamer, déi d'Konditiounen erfëlle géifen, fir um Site ugewisen ze ginn, sech bei hinne mellen. Dofir misst ee sech just op hirem Internetsite umellen, den Twitch-Account per Login verbanne souwéi d'Krittäre vum Aktivéierungsprozess erfëllen. Et kann een awer op de sozialen Netzwierker mat hinnen a Kontakt trieden. Esou kann ee si souwuel iwwert Instagram, TikTok an awer och Discord kontaktéieren.