All Joers ginn op en Neits déi schéinste Lidder oder déi interessantst Geschichten an Top-10-Lëschte geéiert. Metacritic huet 2023 de Spiiss ëmgedréint.

Natierlech ginn an der Videospillindustrie och all Joers déi beschte Spiller an diverse Kategorien ausgezeechent. Esou ass d'Videospill Baldur's Gate 3, wat sech géint aner héichkaräteg Spiller ewéi Spider-Man 2, Resident Evil 4 oder Super Mario Bros. Wonder duerchgesat huet, zum beschte Videospill 2023 gewielt ginn.

Allerdéngs gëtt et an der Videospillwelt och manner gutt Spiller. Dës goufen 2023 vun der Internetsäit Metacritic op eng besonnesch Aart a Weis geéiert. An enger Flopp-10-Lëscht huet d'Internetsäit déi Spiller opgelëscht, déi am Joer 2023 vun de Pressevertrieder am Schlechtste bewäert goufen. Fir d'Lëscht awer e bëssen anzegrenzen, sinn nëmme Spiller an de Flopp 10 gelant, déi op d'mannst vu siwe Pressevertrieder op der Internetsäit bewäert goufen.

Dobäi huet sech rauskristalliséiert, datt d'Spill The Lord of the Rings: Gollum wuel dat onbeléiftste Videospill am Joer 2023 war. Am Ganze krut d'Spill 34 vun 100 méigleche Punkten vu 56 ënnerschiddleche Journalisten, déi d'Spill op der Internetsäit bewäert hunn, spendéiert. Domadder steet d'Spill op der éischter Plaz vun der Flopp-10-Lëscht vun de schlechtste Videospiller aus dem Joer 2023. Ob een op Säite vum Entwécklerstudio Daedalic Entertainment stolz op dës Auszeechnung ka sinn, steet op engem anere Blat Pabeier, allerdéngs ass et eng ongewéinlech Auszeechnung, déi net jiddwer Studio opweises huet.

Hei gesitt Dir déi ganz Oplëschtung vun de Flopp 10 Spiller aus dem Joer 2023, zesumme mat der Gesamtwäertung vun de Journalisten:

Flopp 10 Spiller aus dem Joer 2023

  1. The Lord of the Rings: Gollum – 34
  2. Flashback 2 – 35
  3. Greyhill Incident – 38
  4. Quantum Error – 40
  5. Testament: The Order of High-Human – 41
  6. Crime Boss: Rockay City – 43
  7. Hellboy: Web of Wyrd – 47
  8. Gangs of Sherwood – 48
  9. Loop8: Summer of Gods – 49
  10. Gargoyles Remastered – 49

Wéi vill Spiller aus dëser Lëscht hutt Dir an Ärer Sammlung? Loosst eis et mat engem Commentaire wëssen!