Mat Tennis-Legenden um Terrain stoen

Souguer absolut Sport-Muffelen hu warscheinlech schonn emol eppes vum Serena Williams, Carlos Alcaraz, Steffi Graf oder Andre Agassi héieren...
Ass een elo richtege Fan, dierft een bei dëse Nimm grouss A maachen. Géint dës Tennis-Ikonen an och géint eng Partie aktuell Tennis-Staren kënne Gamer elo op der Konsol oder um PC untrieden. Riets geet vum Spill "TopSpin 2k25".
Eng Kéier géint den Andre Agassi untrieden oder en Duebel géint d'Serena Williams an d'Steffi Graf spillen... Fir d'Fans vum Tennis-Sport sinn dat Dreem, déi elo op PC a Konsol kënne wouer ginn. Gespillt gëtt op enger Abberzuel u verschiddene Courts, sou de Remi Ercolani Game Director von TopSpin 2K25.
„There will be 48 unique courts available to play. We have a number of original creations dreamed up by our
team, as well as officially licensed venues such as all four Grand Slam tournaments, as well as all nine ATP
masters 1000 tournaments. Every outdoor venue is available at three different times of day: afternoon, sunset
and night, which adds even more variety.”
D'Eraklammen an d'Spill ass denkbar einfach. Egal op Ufänger op schonn Expert, alleguerten d'Spillerinnen a Spiller kënnen nämlech d'TopSpin Academy notzen:
„We have the TopSpin Academy, where John McEnroe teaches you every single mechanic of the game in great
detail. Once you've learned the basics, you can go play matches in any of the available game modes to measure
how much progress you've made. Then, you can learn about more advanced techniques and aspects of the
game, such as the different shots available and more. We've designed the Topspin Academy to help both new
players as well as returning players. There's something new to learn and improve for everyone.”
Am Ganze 25 aktiv an och fréier Tennis-Profien stinn dem Spiller zur Auswiel. Ma et gëtt awer och d'Méiglechkeet, sech en eegene Profi z'erstellen an eng komplett Karriär z'erliewen.
Mat TopSpin 2k25 gëtt d'Tennissimulatioun no ronn 13 Joer Paus elo nees weidergefouert. Mat 25 fréieren an aktiven Tennis-Profien a méi wéi 40 Plaze weltwäit a vill Events, wéi zum Beispill de 4 groussen Grand Slam Turnéieren. D'Spill selwer ass fir Xbox, Playstation a PC erauskomm.