Vum 1. Oktober u kënne sech Fans véier Lego-Setten zum Videospill Fortnite kafen

© The LEGO Group / Epic Games
An deene leschte Joren huet Lego vill mat Franchisen aus dem Videospillberäich, wéi zum Beispill Sonic, Mario an Animal Crossing kooperéiert.
Vum 1. Oktober u kënne sech d'Frënn vun de Klemmbausteng souwéi d'Fans vum Koop-Survival-Shooter "Fortnite" iwwert eng weider Kooperatioun freeën. Zwar gouf et schonn am Virfeld eng Zesummenaarbecht mam Survival-Crafting-Spill "Lego Fortnite", wat ee spille konnt, soubal ee sech "Fortnite" gedownloat huet, mä elo ginn et fir déi éischte Kéier an dëser Kooperatioun och physesch LEGO-Setten, déi een a Wierklechkeet zesummebaue kann.
Am Ganze wäert d'Lego Group den 1. Oktober véier Sette rausbréngen, déi awer iwwert d'Joren ewech erweidert wäerte ginn. D'Keefer vun dëse véier Sette kënnen da véier ikonesch Figuren, respektiv Objeten aus dem Spill nobauen. Dës wieren den Durr-Burger, d'Reserv-Lama, de Schluecht-Bus an de Knachen-Schali.
Dee bëllegste Set kascht ronn 15 Euro . Fir deen deierste Set mussen d'Keefer iwwerdeems knapps 100 Euro op de Dësch leeën.
Den Ament kann ee sech d'Setten iwwert den offizielle Site vu Lego virbestellen.