Et gëtt nees gezockt fir de gudden Zweck

© Videogames.lu
De 16. bis den 18. August organiséiert de Gaming-Veräin "videogames.lu a.s.b.l." den sougenannte "Savepoint Charity-Stream".
Iwwer 3 Deeg ginn hei Videospiller gezockt a gestreamt. Wärend deem ginn da Spende gesammelt, déi dono engem gudden Zweck zegutt kommen. Dës Kéier geet den Erléis un d'Associatioun "Sauvons Bambi Luxembourg“. Iwwerdroe gëtt de Stream wéi ëmmer iwwer Twitch.
De Fokus bei de Spiller läit op ënnerhalsame Multiplayer-Spiller, wéi beispillsweis "Mario Party", "Goat Simulator" oder "Mario Kart", op Kampf-Spiller an och op Partyspiller wéi "Gartic Phone" oder "Jackbox Party".
Detailer zum Event, der ASBL Videogames.lu oder der Associatioun "Sauvons Bambi Luxembourg" ginn et hei!
Weider Informatioune ginn et op de sozialen Netzwierker vun der ASBL.