Pünktlech zur Chrëschtzäit huet Amazon d’Top 20 vun de meeschtverkaafte Spiller am Joer 2024 verëffentlecht. Et fält op, datt een Hiersteller beléift war.

Hei déi komplett Lëscht vun den 20 Spiller, déi am meeschte verkaaft goufen:

  1. Super Mario Party Jamboree (Switch, Nintendo)
  2. Mario Kart 8 Deluxe (Switch, Nintendo)
  3. Super Mario Bros. Wonder (Switch, Nintendo)
  4. Nintendo Switch Sports (Switch, Nintendo)
  5. Just Dance 2025 Edition (Switch, Ubisoft)
  6. EA Sports FC 25 (Switch, EA)
  7. Mario + Rabbids Sparks of Hope (Switch, Ubisoft)
  8. Mario & Luigi: Brothership (Switch, Nintendo)
  9. The Legend of Zelda: Echoes of Wisdom (Switch, Nintendo)
  10. EA Sports FC 25 (Playstation 5, EA)
  11. Hogwarts Legacy (Switch, Warner Bros)
  12. Animal Crossing: New Horizons (Switch, Nintendo)
  13. EA Sports FC 25 (Playstation 4, EA)
  14. Hogwarts Legacy (Playstation 5, Warner Bros)
  15. Let's Sing 2025 (Switch, Plaion)
  16. Mario Party Superstars (Switch, Nintendo)
  17. Let's Sing 2024 (Switch, Plaion)
  18. Super Mario Odyssey (Switch, Nintendo)
  19. The Crew Motorfest (Playstation 5, Ubisoft)
  20. Star Wars Outlaws - Limited Edition (Playstation 5, Ubisoft)

Opfälleg dobäi ass, datt d'Majoritéit vun de Spiller fir d'Nintendo Switch verëffentlecht souwéi vun Nintendo selwer programméiert gouf. Dëst war och schonns an de Joren 2020, 2021, 2022 an 2023 de Fall. Doriwwer eraus fënnt ee ganzer 15 Nintendo-Switch-Spiller an dëser Lëscht erëm. Déi aner fënnef Spiller si fir d'Konsole vum Hiersteller Sony erauskomm.
 
Besonnesch interessant ass de Fait, datt eelef Spiller an dëser Lëscht guer net am Joer 2024 erauskomm sinn, bezéiungsweis verschidde vun dëse Spiller schonn zënter méi wéi siwe Joer um Marché sinn. Allerdéngs gehéiert d'Nintendo Switch, fir déi déi meeschte Spiller op dëser Lëscht erauskomm sinn, zënter Joren zu de beléiftste Konsolen um Marché an d'Verkafszuele vun der Nintendo Switch waren och am Joer 2023 relativ stabil. Dëst kéint erklären, firwat d'Klassiker ëmmer nach an der Lëscht vertruede sinn. Weider goufen d'Spiller, wéi beispillsweis Mario Kart 8 Deluxe oder Nintendo Switch Sports mat DLC's a gratis Updatë versuergt, soudatt d'Spiller nees toppaktuell sinn.
 
Nieft de sëllegen Nintendo-Spiller an den neie Mario- a Zelda-Spiller, ass och dëst Joer nees den obligatoreschen EA-Sports-FC-Ofleeër an der Lëscht vertrueden souwéi den neien Just-Dance-Ofleeër. Allerdéngs daucht am Joer 2024 och fir déi éischte Kéier eng komplett nei Videospillserie op der Amazon-Games-Bestseller-Lëscht op. Rieds ass hei vum Spill Let's Sing, wat all Joers op en Neits an enger liicht verbesserter an aktualiséierter Versioun op de Marché kënnt. Hei verwonnert et, datt souwuel d'Versioun aus dem Joer 2023 souwéi dat aktuellt Spill aus dem Joer 2024 op der Lëscht vertruede sinn.
 
E bëssen iwwerraschend kënnt, datt d'Spiller wéi Black Myth: Wukong, Dragon's Dogma 2 oder Astro Bot net op der Lëscht vertruede sinn, obschonns dës gutt Kriticke kruten a se generell zu de beschte Spiller gezielt ginn, déi 2024 op de Marché komm sinn, well se duerch innovativ Iddien an duerch staark Spill-Mechaniken iwwerzeege konnten.
 
Hätt Dir mat dëser Lëscht gerechent? Wéi eng Spiller hutt Dir vun dëser Lëscht an Ärem Besëtz? A wéi mengt Dir wäert d'Lëscht nächst Joer ausgesinn? Loosst eis et wéi ëmmer mat engem Commentaire wëssen.