Bei dësem Krimi-Gesellschaftsspill handelt et sech ëm en interaktiivt Spill, wou d’Spiller zesummen, also kooperativ, e fiktive Kriminalfall musse léisen.

Gespillt gëtt "Mord am Ministère" an der Ekipp, mat engem Teamchef, deen den Iwwerbléck behält an duerch d'Spill leet. Mat Hiweiser, Rätselen a Verhéier deckt een dann no an no d’Wourecht op.

Speziell bei dësem Spill ass, dass een d'Spill eleng oder zesummen an der Ekipp, kooperativ also, probéiert de Fall als Ganzt ze léisen, dat obwuel d'Spill a 4 Episoden, respektiv 4 Deeg agedeelt ass. Wann een natierlech e ganzen Owend huet, kann een och e puer oder alleguerten d'Episoden hannertenee spillen.

Zum Schluss muss een dann de Fall opléisen a mat Hëllef vun enger Enveloppe iwwerpréiwen, op ee richteg louch.

Ëm wat geet et bei "Mord am Ministère"?

Zu Lëtzebuerg passéiert eng ganz Rei vu schwierege Kriminalfäll. Dofir gëtt d'Soko Lëtzebuerg gegrënnt, ënnert der Leedung vum Kommissär Kniwwel. Elo geet et drëms, sech als Spiller zesummen dem Team vum Kommissär Kniwwel unzeschléissen  an den Täter oder d'Täterin um Enn z'ermëttelen.

Als Member vun der Ekipp vum Team ronderëm de Kommissär Kniwwel, huet een natierlech dann och Dag fir Dag Zougang zu den neisten Informatiounen a Fortschrëtter bei den Ermëttlungen. Nëmme sou ass et méiglech, erauszefannen, wat geschitt ass a wien hannert dem Mord stécht. Ma d'Zäit dréckt, et huet ee just 4 Deeg Zäit, de Fall ze léisen an ofzeschléissen. Et gëllt zesumme richteg ze kombinéieren fir hoffentlech eng Léisung fir dëse kniwwelege Fall ze fannen.

Virun allem fir Leit déi gären Rätsele léissen, Spaass beim kombinéieren hunn oder einfach gäre mol e Krimi erliewen, fir déi ass "Mord am Ministère" eventuell genee dat richtegt, fir e spannende Spillowend mat Frënn oder Famill.

RTL