
Si maache Knascht, kommen heeschen, sinn ofgemoert a schwaach. Ronn 600.000 Hënn liewen a Rumänien op der Strooss. Zanter 2013 gi si a ville rumänesche Stied agefaangen an a staatlech Déierenasyler bruecht, wou si no 14 Deeg doutgemaach dierfe ginn. Dat op legaler Basis.
Vill Déiereschutzorganisatioune setze sech dofir an, d’Hënn a Rumänien virun de sougenannten “Tötungsstatiounen” ze retten, esou och zu Lëtzebuerg. Offiziellen Donnéeë vum Agrikulturministère no hu 7 vun 21 registréierten Déiereschutzassociatiounen 2022 Hënn aus Rumänien mat an de Grand-Duché bruecht. Si stinn a Kontakt mat Déierenasyler oder Privatpersounen a Rumänien an organiséieren d’Vermëttlung vun den Hënn aus den iwwerfëllten Asyler.
Vu 546 Hënn, déi 2022 offiziell am TRACES registréiert goufen, koumen 358 aus Rumänien. Dës sinn allerdéngs just déi Hënn, déi iwwert de kommerziellen Handel a Lëtzebuerg koumen. Dem Déiereschutzgesetz vum 6. Juni 2018 no brauchen Déiereschutzorganisatiounen hei am Land eng Autorisatioun vum Landwirtschaftsministère fir eng “Activité commerciale”, wourënner och d’Vermëttlung vun Déiere fält, a mussen d’Déieren am “TRAde Control and Expert System” vun der EU registréieren. Privat Persoune musse fir eng Adoptioun vun engem Hond aus dem Ausland allerdéngs net gemellt sinn, wouduerch ee vun enger héijer Donkelziffer ausgeet, wéi den Dr. Félix Wildschutz vum Landwirtschaftsministère erkläert. Nieft de Muppen aus Rumänien ginn am meeschten Hënn aus Malta a Bulgarien a Lëtzebuerg importéiert. Déi privat Importer komme virun allem aus eisen Nopeschlänner, wéi et aus den Zuele vum Landwirtschaftsministère ervirgeet.
Ma och d’“dass vill vun eisen Adoptanten och emol fir d’éischt an d’Lëtzebuerger Asyler kucke waren. Sech déi Muppen ugekuckt hunn, do awer einfach net dee Moment de Passende fonnt hunn. An dee Moment, well si dann awer weider wëllen adoptéieren, gi si dann oft op de Wee, en Hond aus dem Ausland ze adoptéieren. Mir huelen deene Muppen u sech net eppes ‘ewech’. Dat kënnt gären heiansdo esou eriwwer.”
Allerdéngs kënnt et ëmmer erëm vir, datt Déieren, déi aus dem Ausland vermëttelt goufen, an Asyler hei am Land ënnerkomme mussen. Trotz Proufzäit mierke vill Familljen, datt se dach net “mat den Hënn eens ginn”, déi dacks de Kontakt mat Mënschen net gewinnt sinn oder vill negativ Erfarunge gemaach hunn an doduerch vill Zäit an Opmierksamkeet brauchen, erkläert eis d’Gaasperecher Asyl. Obwuel vill Associatioune fir esou Fäll am Kontrakt mat den neie Besëtzer festhalen, datt de Mupp zréck u si muss goen, ginn d’Hënn a Lëtzebuerger Asyler bruecht. Och emol, well d’Organisatioun d’Déier net wéi ofgemaach, zréckhëlt, wat awer éischter seele virkënnt, wéi den Diddelenger Asyl erkläert.

Eng genee Zuel, wéi vill Hënn aus Rumänien a Lëtzebuerg an den Asyler opgeholl ginn, kënnen d’Diddelenger an d’Gaasperecher Asyler net nennen. Dacks weess ee jo net, vu wou d’Hënn kommen, wa se fonnt goufen. Donieft variéiert d’Zuel vu Joer zu Joer, ma eng 2 bis 3 rumänesch Hënn géing een d’Joer schonn ophuelen. Hunn d’Lëtzebuerger Asyler keng Plaz fir d’Déier, “klappe si och bei aneren Associatiounen un, fir selwer Ënnerstëtzung ze kréien”, heescht et weider. Esou datt keen Déier am Grand-Duché muss op der Strooss landen.
Wichteg ass et awer och sech bei der Adoptioun vun engem Hond aus dem Ausland iwwer d’Associatioun z’informéieren. Dacks geet et nämlech net ëm d’Wuel vum Déier, mä ëm de Profit. Esou gi masseweis Stroossenhënn ënner schlechte Konditiounen an déi westlech Länner transportéiert.
Fir d’Sarah El Khal, Responsable chiens adjointe vum Diddelenger Asyl, muss een de Problem vun der Iwwerpopulatioun vu Stroossenhënn allerdéngs un der Wuerzel upaken an a Länner wéi Rumänien oder Spuenien op de Wee vu Kastratiounscampagnë goen, wéi et zu Lëtzebuerg bei de Kazen de Fall ass.
Ob een en Déier aus dem Ausland adoptéiert oder eent aus engem Lëtzebuerger Asyl, et muss ee sech bewosst sinn, datt en Déier ëmmer vill Opmierksamkeet brauch an ee sech säi Liewe laang drëm këmmere muss.