Das Blaue Sofa ass zeréck! Nodeems am November 2025 de Literatur-Nobelpräis-Laureat Abdulrazakh Gurnah am Institut Pierre Werner säin neie Roman presentéiert huet, ass et elo un enger Lëtzebuerger Schrëftstellerin fir op dem berümte Miwwelstéck Plaz ze huelen.
D’Elise Schmit, Servais-Präis-Laureatin vun 2019, stellt hieren Erzielband “Allgemeine Zweifel am weiteren Verlauf” vir, deen den 18.Mäerz am renomméierte Luchterhand Literaturverlag erauskomm ass. Hir Gespréichspartnerin ass d’Directrice vum Nationale Literaturarchiv (CNL), d’Nathalie Jacoby.
No der Begréissung duerch de Kulturminister Eric Thill, kann een d’Gespréich och op RTL.lu vun 19h00 am Livestream suivéieren.