"The Brutalist" vum 36 Joer alen amerikanesche Realisateur Brady Corbet ass fir net manner wéi 10 Oscare nominéiert.

An der Haaptroll vun dësem Drama, dee sech am Amerika vun der Nokrichszäit ofspillt, ass den Adrien Brody ze gesinn. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

Am Joer 1947 flücht de renomméierten ungareschen Architekt László an Amerika, fir en neit Liewen unzefänken. Den amerikaneschen Dram ass awer net fir jiddereen. Wärenddeem hie versicht, sech eng Existenz opzebauen, fir seng Fra an Niess kënnen am déiwe Pennsylvania z’empfänken, stéisst hien op eng steeräich Famill, déi him den Optrag gëtt, fir e monumentaalt Gebai ze entwerfen, dat en Hommage vum Här Van Buren u seng verstuerwe Fra soll sinn. Wat ufanks wéi eng eenzegaarteg Geleeënheet ausgesäit, gëtt séier zu enger ongeheierlecher Aufgab fir de László.

"The Brutalist", nom geometreschen a monochrome Baustil aus de Nokrichsjore benannt, ass an allen Hisiichten e monumentale Film. Dës Fresk vun dräi an enger hallwer Stonn ass net nëmmen eng Saga iwwert d’Immigratioun an de Kapitalismus, mä och en intelligenten Drama iwwer de Kolonialismus an de Faschismus. Wann den Haaptprotagonist an den Ufanksminutten de Goethe zitéiert an ënnersträicht, datt „kee méi hoffnungslos versklaavt ass wéi deen, dee fälschlecherweis mengt fräi ze sinn“, leet de Realisateur Brady Corbet d’Fundament fir e Film, dee genee esou prezis wéi engagéiert ass. E fantastesche Casting ugefouert vum Adrien Brody, eng extrem organesch Fotografie an eng absolut brillant Musek vum Daniel Blumberg maachen aus dem "The Brutalist" e Film wéi et der zënter Joerzéngten leider bal keng méi zu Hollywood ginn, an déi aus dem Kinosbesuch en eemolegt an erstaunlecht Erliefnis maachen, dat een als Spectateur esou séier net wäert vergiessen.