"Eddington" vum Ari Aster
De satireschen Neo-Western ass dem Aster säi véierte Kinofilm.
Den amerikanesche Realisateur Ari Aster huet sech 2018 mat sengem éischte Spillfilm "Hereditary" direkt als ee vun den originellste Cineaste vu senger Generatioun etabléiert. "Midsommar" a "Beau is afraid" hunn dem Aster seng eenzegaarteg Visioun confirméiert. Mat "Eddington" leeft den nächste Mëttwoch dem Aster säi véierte Film, e satiresche Neo-Western, an de Kinoen un.
An engem klengen ofgeleeëne Stiedche mam Numm Eddington am Häerz vun der amerikanescher Wüüst wärend der Corona-Pandemie, brécht d’Uerdnung lues a lues zesummen. De Joe Cross, en neuroteschen a gestresste Sheriff, geréit ëmmer méi an eng Spiral vun Angscht, Mësstrauen a Muechtfantasien.
Wann d’Bierger géint Maskepflicht an Ausgangsspären rebelléieren, entsteet e politeschen a moralesche Krich tëscht dem Joe an dem charismatesche progressistesche Buergermeeschter Ted Garcia. Wat als sanitär Kris ugefaangen huet, gëtt zu enger explosiver Konfrontatioun vu Glawen, Paranoia a Manipulatioun, wann de Joe sech fir déi nächst Gemengewalen opstellt.
Eddington ass eng brutal éierlech Röntgenopnam vun der Welt vun Haut – voller Wansinn a Chaos. Dës korrosiv Satir weist eng vermeintlech "Gemeinschaft", wou d’Leit sech eigentlech nëmme géigesäiteg haassen, beneiden, beleidegen a mësstrauen.
Den Ari Aster setzt hei eng onbaarmhäerzeg Karikatur an d'Zeen – eng déi déi absurdste Forme vum mënschleche Behuelen denoncéiert: Verschwörungstheorien, Internet-Exzesser, an eng konstant aggressiv Sträitkultur stinn hei genee esou am Mëttelpunkt wéi eng Band vu jonke liberale Lycéesschüler, déi d’Notioune vu politesch Korrekt a "Woke" bis op d’Spëtzt dreiwen. Kee gëtt an dëser Satir geschount.
Dem Aster seng Figuren sinn am beschte Fall peinlech, am schlëmmste Fall eklatant onsympathesch.
Ouni Kompromësser hëlt den Aster de Bols vun onser Gesellschaft op brutaalst Manéier.
D’Iwwerstyliséierung vu sengen éischte Filmer huet de Realisateur duerch eng esthetiséiert naturalistesch Approche ersat an engem genësserlechen Neo-Western, dee vun der grandioser Schauspillerescher Leeschtung vum Joaquin Phoenix ugefouert gëtt.