"How to train your dragon" vum Dean DeBlois
Viru 15 Joer koum den Animatiounsfilm an de Kinoen eraus.
No zwee weideren Animatiounsfilmer, déi aus dëser originaler Wikinger-Geschicht eng Trilogie gemaach hunn, huet de Realisateur Dean DeBlois säin eegent Wierk als sougenannte Live Action-Film mat richtege Schauspiller ëmgesat. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.
Op der Insel vu Berk lieft eng Band vu Wikinger déi hire ganzen Houfert aus hirem intergenerationelle Krich mat den Draachen zitt. Ënnert hinnen ass den Hiccup, e jonken, schmächtege Bouf deen am Géigesaz zu sengem Papp kee groussen Draachejäer ass a mat deem dat ganzt Duerf de Geck mécht. Well den Hiccup awer onbedéngt well e Wikinger wéi all déi aner ginn ass et säin Dram endlech en Draach ze erleeën a säi Papp, de Chef vum Duerf, stolz ze maachen. Nodeems et dem Hiccup endlech geléngt wärend engem Draachenugrëff de legendären NIGHT FURY aus dem Himmel ze schéisse kennt hie sengem Dram ëmmer mei no. Wann de jonke Wikinger dem schwaarzen Draach a seng grouss gréng Ae kuckt bréngt hien et awer net iwwert d’Häerz en ëmzebréngen. Ganz am Géigendeel ginn di zwee Eenzelgänger zu beschte Frënn. Eng Frëndschaft déi d’Liewe vu Berk fir ëmmer wäert veränneren.
HOW TO TRAIN YOUR DRAGON ass wuel net den éischten Animatiounsfilm deen als LIVE ACTION Film verfilmt gouf, et ass awer bei Wäitem dee villsäitegste Remake. Dem Kanadesche Realisateur Dean DeBlois deen och schonn beim Animatiounsfilm Regie gefouert hat ass e fantastesche Famille Film gelongen. Des Nei Verfilmung huet wuel eng haller Stonn méi, an den Deblois nëtzt des Zäit fir all Personnage weider ze verdéiwen a fir de sëllegen Zeenen an deenen den Hiccup a säin Draach Toothless matenee fléie ginn ëmsou méi spektakulär a poetesch ze maachen.
De Film denoncéiert net nëmmen all Form vu Virurteeler, mä andeems den Hiccup Fridden an Zesummeliewen iwwert Traditioun an de Krich setzt ass dëser Verfilmung seng politesch Resonanz Haut nach méi grouss an aktuell wéi viru 15 Joer. Dëse Remake bréngt dat seele Konschtstéck fäerdeg nach méi spektakulär an emouvant ze si wéi seng Virgänger a suergt fir eng fantastesch Kinosexperienz.