AUDIO: Flunkernews 40/17

Endlech e Velodrom: Et huet een d’Gefill wéi wann et scho Éiwegkeeten hir wier datt driwwer geschwat gouf wéi och vum Nationalen Fussball Stadion. Anscheinend huet een och d’Pläng vum Velodrom a vum Stadion beim Sklett vum Plesiosaurus fonnt vun deem jo elo kuerz esou vill geschwat gouf.

Trump Visite an Asien: Den Amerikanesche President ass gewinnt Kontrakter, Dekreter…z’ënnerschreiwen ouni se ze verstoen. An dësem Fall ass et z’entschëllegen well di verschidden Texter op chinesesch oder japanesch waren.

1 Joer Trump: Den 71 Joer ale President schéngt op mannst physesch fit ze sinn. Zimlech op den Dag genee vun dem Anniversaire huet Twitter annoncéiert datt een elo 280 Zeeche ka benotzen. Och wann den Trump anscheinend keen Fitnesstrainer brauch dann awer sécher een Tweet-ness Trainer.

Waffen am fräien Handel: An de States huet en Amokleefer mat engem Golfschléier wéi gekesch ronderëm sech geschloen a vill Victimme gemaach. D’Waffen goufen jo no de rezente Massaker leider net verbueden. Méi wéi sécher wäert den Trump och d’Golfschléier net aus dem fräien Handel huelen.

COP23 zu Bonn: De beschte Beweis datt d’Temperaturen méi héich ginn an dat och an eise Géigenden, weist d’Tatsaach datt et an Däitschland schon zanter Méint e Jamaikanesche Flair gëtt.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...