
Charles III: De Kinnek huet missten seng Visitt a Frankräich verleeë wéinst de Maniffe well d’Fransousen de Pensiounsalter vun 62 Joer op 64 Joer wëllen erhéijen. De Monarch hätt sech do deplacéiert gefillt well hien säin Job eréischt mat 73 Joer ugefaangen huet.
Konsequenze vun de Streiken: Mir kréie bei eis op der Bunn deelweis d’Roserei vun den Anti-Rentereform Supporter aus Frankräich ze spieren. D’Géigner vun der Reform refuséiere méi laang schaffen ze goen. Vertrieder vun den Aarbechter denken drun vläicht hire Numm unzepasse well d’Leit, ëmmer méi, d’Schaffe goe refuséieren. Si kéinten de Numm Gewerk-Schaf-ten duerch Gewerk-Retrait-en ersetzen.
Grupp J an der EM Qualifikatioun: Mir si jo bekanntlech mat Portugal, der Slowakei, Bosnien-Herzegowina, Island a Liechtenstein an engem Grupp. Et ass warscheinlech eemoleg datt mir am Grupp J sinn an datt iwwerhaapt kee «J» am Numm vun deene 6 Natiounen ze fannen ass...
Covidrestriktiounen opgehuewen: Et ginn elo Alternative gesicht fir d’Masken net ewech ze geheien. D’Federatioun vum Schleidersport proposéiert de Leit ee Lastik vun de Maske ronderëm den Daumen an deen anere Lastik ronderëm de Zeigefanger ze fixéieren. De mëttelsten Deel vun der Mask gëtt no hanne gespaant a schonn huet een eng Schleider.
Visitt vum XI Jinping: Zu Moskau huet de Wladimir Putin extrem op Frëndschaft bei däer Visitt gemaach. An Amerika gëtt TikTok warscheinlech ganz verbuede vum President Biden. De chineesesche President huet bei sengem Homologe Putin insistéiert datt hien a Russland TikTok net soll ver-Biden.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...