Flunkernews 19/23 vum Serge Olmo

Deier Kréinung: De 6. Mee hat jo déi ganz Welt d’Kréinung vum Charles III suivéiert. Dat Ganzt huet natierlech extrem deier kascht virun allem dee gëllene Schmock, d’Kroun...Ech war iwwerrascht datt alles aus Gold war well ech war der Meenung war datt wann een 3. ass, een da Bronz géif kréien.

Europadag: Bei eis ass dat jo zanter 4 Joer e richtege Feierdag. Fir d’Russen dogéint ass den Europadag vum 9. Mee absolutte Kabes. Si feieren nämlech deen Dag zu Moskau hiren «Dag vun der Victoire». Ass et fir si Kabes well bei eis deen Dag d’Deklaratioun vum Robert «Chou»-mann gefeiert gëtt?

Parad um 9. Mee op der Rouder Plaz: Dëst Joer war et ganz mince wéinst dem Ukrain Krich. Et gouf op der Parad vun der russescher Arméi just 1 Panzer presentéiert. Et hunn och keng Fliger matgemaach. Anert Material huet missten bei Nopeschlänner ausgeléint ginn an et war och keen Doppelgänger vum Putin méi disponibel esou datt op der Parad warscheinlech de Putin selwer huet misste present sinn.

Topp Diplomat: Den Donald Trump huet annoncéiert datt wann hien President wier, hien den Ukrainkrich bannent 24 Stonnen kéint stoppen. Hien ass zwar bescheiden. Bannent 24 Stonnen hätt hien dach masseg Zäit och d’Kris am Sudan ze léisen an de Konflikt tëscht Israel a Palestina... 

Plomb Ausried: Den Trump ass jo schëlleg gesprach ginn d’Schrëftstellerin E. Jean Caroll an der Ëmkleedekabinn vun engem grousse Geschäft mëssbraucht ze hunn. Dem Ex President seng Affekoten argumentéieren datt een ëmmer an esou enger Kabinn seng Hänn a Kleeder stécht déi engem net gehéieren.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...