
Kontestéiert Rentereform: Dës huet vill Gemeinsamkeete mat de Sätz am Tennis. De Moment ass d’Rent bei eisem Noper bei 6:2 Joer a si wëllen se op 6:4 erhéijen. D’Gewerkschafte fäerten, datt de nächste Schratt 7:5 ass oder esouguer 7:6.
Ganz vill Allergie wéinst Pollen: Ëmmer méi Leit sinn domadder geplot. Grad elo gëtt och vun enger Legaliséierung vum Cannabis geschwat. D’Frënn vum Cannabis froe sech, firwat dat esou komplizéiert gemaach gëtt bei hirem Stoff. Si wonnere sech och, firwat dann d‘Polle legal sinn, well do ass ee jo och zou virun allem d’Nues.
Walflicht: Elo wou d’Wallëschte clôturéiert goufen, hu nees vill Leit kritiséiert, datt ee bei eis muss wiele goen. Lues a lues gëtt schonn an de Gemenge geplangt, wou an de Schoulen wéi ee Walbüro wäert hikommen. Bal iwwerall ginn d’Précocesäll evitéiert. Op Nofro hin krute mir confirméiert, datt een keng Walbüroen do installéiert, well ee jo kee forcéiere kann, an d‘Précoce ze goen.
Zäit fir d’Pneuen ze wiesselen: Verschiddener haten iwwerhaapt keng Wanterpneuen dropgemaach. Si soten, datt si net géife agesinn, fir d’Pneuen ze wiesselen, well bei hinnen an der Géigend d’Stroossen duerch d’Aarbechten all opgerappt géifen an et deemno am Wanter iwwerhaapt keng glat Stroosse goufen.
Kréinung vum Charles: De 6. Mee wäert et absolut chaotesch sinn zu London an et wäerten iwwerhaapt keng "Park"plazen ze fanne sinn, dofir ass och eegen, datt grad d’Camilla "Parker", d’Fra vum Kinnek, och geéiert gëtt. Deen Dag ass definitiv zwar den Dag vum King awer net vum "Park"-King…
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...