Flunkernews 15/23 vum Serge Olmo

Lëschtenummeren: D’LSAP ass op der 1, d’DP op der 2, déi Gréng op der 3 an d’CSV op der 4. Dat passt, wann een d’Spëtzekandidaten kuckt, just bei der LSAP well do ass et jo d’Paulette L1nert. Bei der DP ass et net déi richteg Nummer well et misst den XaVier Bettel sinn, bei der CSV ass et och knapp dolaanscht well et ass jo de Luc Three-den. Bei deenen Gréngen passt et allerdéngs guer net well et d’Sam TanCent ass…

Pollenzäit: Ëmmer méi Leit sinn allergesch op Pollen awer och op Déieren haaptsächlech op Kazen, Hënn an Päerd. Déi Déieren op déi een am mannsten allergesch ass sinn d’Schof. Hier Woll gëtt och gutt toleréiert. Firwat schwätzt een da bei den Allergien esou dacks vu Pol-Laine?

Nordirland Visitt vum Biden: Den amerikanesche President war dëser Deeg a Nordirland wéinst dem Friddensaccord deen elo seng 25 Joer krut. D’Situatioun ass awer weider ugespaant tëscht Katholicken an Protestanten. Doheem ass den Joe Biden mat der „Ukrain Leak“ Affär geplot mee hie wollt awer, an deem Land wou hien seng Originnen huet, d’Katho-Leaken ënnerstëtzen.

Ofdreiwung an den USA: Dës ass ëmmer méi a Gefor. Et si meeschtens déi selwecht ganz riets Republikaner, déi och fir d’Waffelobby sinn, déi sech géint d’Ofdreiwung staark maachen. Déi eenzeg Method fir dës ëmzestëmmen wier e gynekologescht Gewier z’entwéckelen fir d’Ofdreiwungen wat een am fräien Handel kéint ze kafe kréien…

D‘Mëllechbaueren hu grouss Bedenken: D’Präisser vun der Mëllech falen ëmmer méi wéinst der aktueller gespaanter Situatioun um Weltmarché a wéinst den Onkäschten. Donieft ginn et och ëmmer méi Leit déi eng Laktosintoleranz hunn. D’Mëllechbaueren selwer wieren de Moment punkto Präisser sécher net „Lakt-hausse“ intolerant.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...