
Maniffen an Zuelen: Haaptsächlech sinn a Frankräich wéinst der Rentereform reegelméisseg grouss Maniffen besonnesch elo um 1. Mee. D’Autoritéiten annoncéieren ëmmer 3 bis 4 Mol manner Manifestanten wéi d’Gewerkschaften an hir Memberen. De Gronn datt d'Gewerkschaften 3 bis 4 Mol méi Leit annoncéieren ass well si all d'Membres (Äerm a Been) zesummen zielen...
Vegetaresch Kréinung: Bei der Kréinung vum Charles III gëtt vegetarescht Iessen zerwéiert. Et ass e bësse speziell datt dat grad zu Bucking-Ham ass.
Net all Bensinnszort: Wann dir a Frankräich fuert da gitt dovun aus datt net op all Tankstell all Zort Bensinn ze fannen ass dëst wéinst der Rentereform an d'Streiker. D’Touriste si geplot well et feelt dacks de richtege Carbu-rente.
D’Walen gi fläisseg preparéiert: Mëttlerweil goufe schonn op ville Plazen d’Panneauen installéiert. D’Parteien presentéieren hir Programmer an hoffen esou vill wéi méiglech Sëtz ze kréien. Firwat ginn déi Parteien, déi manner Sëtz kréien, grad an d’Oppo-Sitz-ioun.
De President mellt sech nees: De Joe Biden huet mëttlerweil 80 Joer mee hie wëll sech representéieren wat Verschiddener komplett iwwerrascht. Wann hie géif erëmgewielt ginn, wier hien um Schluss vum Mandat 86 Joer al. Dat passt awer net richteg gutt bei d’Young-nited States of America.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...