
Ouschteren: Dat Fest huet jo vill kleng Traditioune wéi d’Ouschtereeër sichen a verschenken oder Ouschterhuesen aus Schockela verschenken. Dëst Joer fält Ouschteren op den 9. Abrëll, deemno soll ee keng Ouschterhuese kafen mee Ouschter Ka-néng-ercher.
Neie Logo: Dës Woch gouf den Twitteruseren en neie Logo proposéiert. De bloe Villche gouf vun engem Hond ersat. Kee weess wat dem Elon Musk nees agefall ass. Verschiddener mengen hien hätt dat geännert fir méi Tweet-hënn ze kréien.
NATO e Member méi: Finnland ass elo kuerzfristeg dat 31. Land wat der NATO ugehéiert. D’Kandidature vun der Ukrain a Schweden sti virun der Dier. Bei 32 Natioune wier et wéi bei der Weltmeeschterschaft am Katar. Et kéint een da vläicht eng NATO-Meeschterschaft organiséieren. Dat wier e staarkt Signal. Quasi all déi bescht NATOnalekippen wiere vertrueden a mir emol eng Kéier och.
Hexejuegd: Den Ex-US-President schwätzt wéinst sengem geplangte Prozess vun Hexejuegd a wëll eventuell zu La Haye um internationale Geriichtshaff kloen. Den Trump huet héieren, datt eng "Haie" eng Heck ass an huet deemno gemengt si wieren do op Heck-sejuegte spezialiséiert.
UEFA: Elo kuerz gouf den Aleksander Ceferin als UEFA President confirméiert. Hie wëll, fir méi Sécherheet ze kréien, verhënneren, datt wärend de Matcher Leit op d’Terraine lafen. D’Tabelle sollen an dem Sënn adaptéiert ginn. Am Grupp J, dem Grupp vun de Roude Léiwen, stéing, datt d'Lëtzebuerger op der 5. Plaz sinn, dat mat engem Punkt aus 2 gespillte Matcher. Si hunn 1 Gol geschoss mee kruten der 6 dogéint. An der leschter Kolonn steet 2 F. Op Nofro hin gouf ech gewuer, datt dat heescht, datt 2 Flitzer am Heemmatch géint Portugal gezielt goufen.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...