
Kréinung vum Charles III: De Grand-Duc an d’Grande-Duchesse representéieren eist Land. De Premier ass net dobäi. Et wier vläicht net gutt ukomm well den Xav-IIII hätt den Charles III getoppt.
Attentat? Et gëtt op der ganzer Welt, ausser a Russland, dru gegleeft datt den Ukrainesche President näischt mat der Dronenattack iwwert dem Kreml ze dinn huet. A Russland wëlle si näischt dovunner wëssen an accuséieren weider den Wolo-drone-ymyr Selenskyj.
Meekranz: De Méindeg 1. Mee si vill manner Frontalieren op Lëtzebuerg komm wéi déi aner Méindeger. Trotzdeem sinn der verschiddener iwwer d’Grenz komm fir Meekränz ze maachen. Et goufe natierlech keng Stauen well et ware net vill Kränz-gänger.
Duckrace: Well jo um leschte verlängerte Weekend d’Ganzdagsbetreinugsstrukturen zou waren, hu vill Elteren de leschte Samschdeg profitéiert e groussen Deel vum Dag mat hire Kanner ze sinn. Dat war an der Péitruss fir vill Kanner eng richteg flott Ganzducks-Betreiung.
Pressefräiheet: Dës Woch war den Dag vun der Pressefräiheet. A verschiddene Länner ass dat eng absolut Illusioun wéi a Russland, Belarus, Nordkorea...Déi eenzeg Leit vun der Press déi relativ fräi kënne schaffen sinn déi déi ee Pressing hunn. Esouguer do mussen si a Nordkorea beim Strecken vun de Räck richteg gutt oppassen well si do ganz sensibel sinn op laang- oder kuerzstrecke Rack-kéiten.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...