
Éischten Abrëll: Et ass fir vill Leit e wichtegen Datum well d’Covidmesueren ofgeschaaft sinn. Besonnesch geet et do ëm d’Maskepflicht. Trotzdeem wëlle verschidden Santésberäicher d’Masken weider unhalen. Zum Beispill ass dat bei ganz villen Apdikten de Fall. Hiere Verband wëll esouguer, d’Plazen wou een se fënnt, ëmbenennen a Phar-masque-cie.
Exit Trump?: Den ex President ka vum Jurist Alvin Bragg ugeklot ginn. Domadder kéint dem Trump seng politesch Carrière definitiv eriwwer sinn. Vill Republikaner, an haaptsächlech déi fanatesch Trump Supporter, wëllen awer de New Yorker Procureur erauskicken aus dem Dossier. Hoffentlech gëtt dat net, no deem vun de Britten, nees e Bragg-xit.
Negativ Konsequenz vun der Summerzäit: Eis Nationalspiller waren esou fixéiert op de Match géint Portugal dat si ze spéit mat kruten datt d’Auer geréckelt gouf. Am Fong hu si deemno eréischt eng Stonn méi spéit ugefaangen richteg ze spillen mee do stoung et scho laang 0:4...
Heeschverbuet an der Stad: Dës Decisioun huet vill Leit iwwerrascht a rose gemaach. D’Oppositiounsparteien soen kloer an däitlech datt vill vun hinnen dogéint waren. Déi Decisioun ass deemno alles anescht wéi Heesch-stëmmeg.
Nuklearwaffen a Belarus: D’Russen stockéieren Allméigleches an hiert d’Nopeschland: al Waffen, Munitiounen a nach méi geféierlecht Material quasi wéi a Poubellen. Elo wëll de President Lukaschenko Nuklearwaffen dohi kréien. Vill Leit dohannen sinn opbruecht froen sech ob si als Pou-Belarussen vun hirem Noper ugesi ginn.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...