
Dat deierst Bild jeemools: Ronn 380 Milliounen € goufen bezuelt fir den Tableau "Salvator Mundi" ze steeën. Dat ass bal esou deier wéi 2 Neymaren. Stellt äerch emol vir den Da Vinci hätt de Neymar portraitéiert. Wéi deier wier dat da ginn?
Russlandaffären a Clinton: Schonn Enn der 90er Joeren war de Bill Clinton an engem rise Skandal wéinst der Affär Monica Lewinsky wat russesch Originnen huet. D’lescht Joer war et ganz héich hir gaangen beim Hillary Clinton wéinst komeschen Manipulatiounen a hirer Mailbox. Beim Bill Clinton gouf deemools och an der Box gewullt.
Dat géif hien ni soen: Den Trump géif ni behaapten datt de Kim Jong Un kleng an déck ass. Hie géif et och net an en Tweet placéieren well de Kim Jong Un definitiv ze déck ass fir dran ze passen.
D’Decisioune si gefall : Di 32 Länner déi alles gemaach hunn fir sech fir Russland ze qualifizéieren sinn definitiv bekannt. Ass och dem Trump seng Wahlequipe mat dobäi ?
COP23: Wéinst der Loftverschmotzung gi vill Leit krank. Wat d’Plaz wou een ass méi polluéiert ass, wat zum Beispill eis Haut ëmmer méi onréng ass an een permanent d’Nues knaschteg huet. Do schwätzt een och vun COZwee Wärter.
De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...