
3. Spur op der A3: Et ass een elo gewuer ginn, datt eng Mauer vu 5 Kilometer wäert gebaut ginn, fir de Kaméidi ze reduzéieren. Et wier méi sënnvoll, d’Elektroautoen ze promouvéieren. Nodeem nämlech a Mexiko d’Regierung gesot huet, datt méi Elektroautoe wäerte kommen, huet anscheinend den Trump decidéiert, keng Mauer méi ze bauen op der mexikanescher Grenz.
No Thanksgiving de Black Friday: Gëtt dat elo och bei eis Traditioun? Um Donneschdeg goufe ganz vill Dindë kaf an um Freideg war de Shopping tromp; wou virun allem vill GSMen verkaf goufen. No den Dindë goufen also Dindye kaf.
Elo misst et nees rullen: Di meescht Gemengeréit dierften esou lues funktionell sinn. Fir an de Schäfferot ze kommen, goung et op munch Plazen ferm ënnert d’Gürtellinn an et goufe Leit verroden. Hoffentlech sinn déi Schäff-verréit éischter rar.
Bravo Jongen: D’FLF-Selektioun ass op der Plaz 84 am Fifa-Ranking, wat et nach ni gouf; gläich mat Estland a Curaçao. Wann d’Rout Léiwe scho mat Curaçao gläich sinn, da mussen si jo wuel ganz gutt gespillt hunn, behaapte béiss Zongen.
Jamaika-Koalitioun Ade: An Däitschland weess een net méi richteg, wéi aus der Kris erauskommen. Fir Verschiddener schéngt deen eenzegen Auswee ze sinn, de Jupp Heynckes ze ruffen.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...