
Sidd gudder Déng mam Serge Olmo :-)
Trump a Russland-Affär: Obwuel et vill Beweiser gëtt, seet den amerikanesche President, hien hätt keng besonnesch Verbindung zu Russland. Firwat wëll hien da grad, datt Je-Russ-alem d’Haaptstad vun Israel soll ginn?
May-Juncker: Déi 2. Renconter tëscht deenen zwee huet eppes bruecht. De Kommissiounspresident misst am Fong eens gi mat de Britten. Allebéid verloosse si 2019 d'EU ...
Fluchangscht: D’Groussherzogin evitéiert de Fliger, wou si kann. Dowéinst ass si och net mat a Japan gewiescht. Si wëll eben d’Féiss um Buedem behalen an heescht net fir näischt Maria Terre-esa.
Houseker: Ganz vill esou Koppele sinn iwwerall higefuer, fir d’Kanner frou ze maachen um 6. Dezember. Déi, déi de Kleesche gespillt hunn, sinn awer e bëssen onzefridden, well si manner verdénge wéi den Houseker. Dem Kleeschen säi Gesell schreift sech nämlech d’Frais de Rutt op.
Lanceurs d’alerte: Si deele mat, wann hirer Meenung no eppes richteg schif leeft a wann e Risiko besteet. D’CSV an hire Spëtzekandidat hunn déi lescht Zäit ëmmer méi esou Undeitungen iwwert d’Regierung gemaach. Hien ass jo e richtege Wiseler-Blower ginn.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...