
Theoretesch kee Freedefeier op Silvester: Dat ass den Trend op ëmmer méi Plazen. De 16. Februar , wann dat neit chinesescht Joer gefeiert gëtt, ass dat anescht. 2018 ass d’Joer vum Hond dofir wäerten si dat mat Knuppert-hënn feieren.
Héichwaasser: Mer sinn elo am Wanter schéin heimatter geplot. D’Héichwaasser am Wanter ass dat och eng nei Konsequenz vum Klimawandel? D’Spezialiste menge net well soss géif dat jo net Hiver-schwemmungen heeschen.
Endlech Entspanung: Et hat een gemengt d’Äis wier gebrach tëscht Nord- a Südkorea well d’Telefonsleitung tëscht deenen Dirigenten no laange Méint nees reaktivéiert gouf. Et ass awer direkt scho en Sträit ginn well si sech net eens ginn wien d’Telefonsleitung dann elo bezilt.
Nordkorea a Sport: Wéinst den Olympesche Spiller elo a Südkorea gëtt et vläicht eng besser Relatioun tëscht Nordkorea an dem Recht vun der Welt. De Kim Jong Un hat schonn driwwer nogeduecht Athleten op der Darts WM unzemellen well d’Flechetten ausgesinn wéi kleng Rakéiten.
George Weah President: Di ex Fussball Gloire ass jo elo de neie President vum aarme Land Liberia. Eng vun den éischte Mesuren ass d’Produktioun vum Zocker drasteg an d’Luucht ze setzen a méi Raffinerien ze bauen. De Weah war definitiv nach ëmmer gutt am „Soccer“.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...