AUDIO: Flunkernews 02/18

Nordkorea bei den Olympeschen Spiller: Jiddereen ass frou driwwer an et schwätzt fir e gutt Zeechen fir de Fridden. Ech sinn zwar skeptesch well all dem Kim Jong Un seng Athleten benotzen nëmme Ski vun der bekanntster Mark an zwar vun «Atomic».

Saudi-Arabien a positiv Tendenz: D’Fraen dierfen elo dohannen d’Fussballmatcher kucke goen wat natierlech ganz luewenswäert ass. Et fënnt een si awer net op de Gradinen mä haaptsächlech op den  « Tribunes couvertes ».

Grouss Koalitioun an Däitschland? D’CDU, d’CSU an d’SPD wäerten sech fannen fir an Däitschland eng «normal» demokratesch Regierung ze bilden. Si sollen di Koalitioun roueg nach méi grouss maachen bis Éisträich nach mat…

Golden Globes: De perversen Weinstein kann et net loossen a wëll am Filmmilieu bleiwen. Well hien net méi dierf mat Fraen schaffen, wëll hien elo Zeechentrickfilmer produzéieren. Di meescht Biller si mat speziellen Tuschfaarwen gezeechent ginn. Och do fäerten awer di weiblech Comicfiguren At-Tusche-menter.

De stabille Genie: De Beweis datt dat absolut net kredibel ass, ass datt dem Trump seng Fra der Security ugeruff huet nodeem si den Tweet gelies wou de President vu stabillem Genie geschwat huet. Si sot de Sécherheetsbeamten dem President säin Twittercompte wier gehackt gi well absurd Saachen drop stéingen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...