
Dem « Stabile Génie » säin Examen : Medezinesch ass jo alles ganz an der Rei. Den Trump huet esouguer eng Koloskopie gemaach. Vü datt et dem Trump seng Koloskopie war, huet hien deen intimen Examen bei engem Géni-cologue gemaach.
Héichwaasser a Radaren: Laanscht Musel si jo verschidde Stroossen immens dacks a vill iwwerschwemmt. Et gëtt elo driwwer nogeduecht datt d’Rdaren lanscht Musel sollen ab der Vitess vun 48,6 Kniet blëtzen.
Olympesch Wanterspiller: Anscheinend sollen di Nord- a Südkoreanesch Delegatiounen mateneen bei der Ëröffnungsfeier presentéiert ginn wat jo iwwerall geschwat gëtt. Dat d’Katalanen zesumme mat de Spuenier amarschéieren intresséiert awer kee Mënsch.
Australien Open: Bei den Hären si bei dem Tournéier ganz vill Spiller a rosa gekleet. Et ass natierlech eng Affär de Goût mä dat fält dach awer op. Sinn et dëst Joer d’Rose-tralian Open?
Arminia Bielefeld mat finanzielle Problemer: Dem Jeff Saibene seng Equipe huet seriö finanziell Problemer. Et ass anscheinend net fir d’éischt. De Veräin aus der 2. Bundesliga ass net ganz räich; heescht jo och Arm-inia.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...