AUDIO: Flunkernews 4/18

Rallye Dakar: De Grand-Duc an eis Delegatioun si nëmmen e puer Stonnen no der Arrivée vum Dakar am Senegal ukomm fir di offiziell Staatsvisite. Si hunn also d’Arrivée vum Rallye Raid verpasst besonnesch well d’Arrivée zu Cordoba an Argentinen war.

Australian Open an Tennis: Besonnesch am Dubbel wann d’Tennisspiller mat hirem Partner schwätzen oder am Eenzel wann si mat hirem Coach kommunizéieren, maachen si sech d’Fauscht oder d’Hand virun de Mond. Firwat eigentlech an d’Hänn schwätzen? Ass et well et d’Hänn-is ass?

Diskussiounen an der Regierung: Haaptsächlech gëtt et e Problem tëscht de Ministere Schneider a Dieschbourg am Kontext griischech Jughurt Fabrik. Nom Thema Kierche-fabrik gëtt et elo en Thema Hell-ene Fabrik.

Trennung vu Kierch a Staat: Et ginn definitiv manner Kommunioune gefeiert a et gëtt manner gefirmt. Dowéinst a well et keng Kierchefabrike méi wäerte ginn, ginn et beim Bistum och manner Firmen-autoen…

Autosfestival an Hybriden: Ëmmer méi Hybriden och bei de Verwaltungen an an den Arméien. An den USA ass dat net esou. Den Trump hat leider gesot datt d’Transgender oder d’Intersex Leit e Problem an der Arméi wieren. Et schéngt dat hien och keng Hybridautoen an der US Army wëll. Hien huet net verstanen datt een anëscht ka sinn awer grad esou gutt.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...