AUDIO: Flunkernews 5/18

Stater Gare: Et ass scho bal Routine ginn dat hei evakuéiert gëtt. Eng CFL Agence verkeeft och mëttlerweil méi bëlleg Zuchtickete je nodeem ob dës mat oder ouni Evakuatioun op der Gare sinn. Di nei Agence heescht «CFL Evacuation».

Nees en Artikel: No engem Artikel am «Times» gouf et elo kuerz och en Artikel am «Spiegel» iwwert d’SREL Affär. Dat ass jo awer richteg widderspréchlech. Lëtzebuerg gouf nach ni esou mediatiséiert wéi grad bei enger Geheimdéngscht Affär.

Trump virum Kongress: An dowéinst hunn ech mer de Wecker gestallt. D’Demokraten si net opgestane während der Ried zur Laach vun der Natioun wéi dat am Prinzip Traditioun ass. Genee wéi d’Demokraten hunn ech séier gemierkt; am Fong hat et guer kee Wäert iwwerhaapt op ze stoen…

Absolut ongerecht:Wann eng Zeck ee richteg erwëscht da kann een Häerzrythmusstéierungen no enger Borreliose kréien. A Rheinland-Pfalz ass dat anscheinend heiansdo anescht; do kritt een eng Zeck no den Häerzrythmusstéierungen an zwar eng Front-Zeck. Courage Jeff!

Fräisproch: Kuerz virun Olympia goufen elo vill Russesch Athleten, déi lieweslänglech gespaart waren, fräigesprach, well den Dopping net bewise konnt ginn. Dëst gëtt dem Lance Armstrong bestëmmt eng Iddi an en plus ass den Tour de France eréischt Enn Juni.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...